SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Laut rezenten Informatiounen huet d'Caisse Nationale de Santé (CNS) am Joer 2024 en Defizit vu 25 Milliounen Euro registréiert. Dëst ass eng besuergneserreegend Entwécklung, déi drop hindeit, datt d'finanziell Situatioun vun der Krankekeess sech verschlechtert. Besonnesch problematesch ass d'Ausso, datt dësen Defizit an Zukunft nach kéint zouhuelen an d'Reserven domat séier opgebraucht kéinte ginn. E Freideg huet eng Preparatiouns-Reunioun fir déi nächst Quadripartite stattfonnt, wou sécherlech och dës finanziell Erausfuerderunge beschwat goufen. D'Quadripartite als zentralt Organ fir d'Gesondheetsfinanzen ze steieren, steet elo virun der wichteger Aufgab, d'finanziell Nohaltegkeet vun eisem Gesondheetsystem ze garantéieren an néideg Moossname géint den aktuelle Finanzdefizit ze huelen.
Questions
1. Kann d'Madamm Ministesch eis detailléiert Informatiounen iwwert d'Ursaache vum Defizit vun 25 Milliounen Euro bei der CNS ginn a wéi eng Beräicher besonnesch zum Defizit bäidroen? 2. Wéi héich sinn d'Reserven vun der CNS aktuell a wéini wäerten dës Reserven opgebraucht sinn, wann den Trend vum Defizit sech weider entwéckelt? 3. Wéi eng konkret Moossname goufen an der Preparatiouns-Reunioun fir déi nächst Quadripartite diskutéiert, fir d'finanziell Situatioun vun der CNS ze stabiliséieren? 4. Plangt d'Regierung eng Erhéijung vun de Bäiträg fir d'Krankekeess oder aner finanziell Moossnamen, fir de Finanzéierungsproblem ze léisen? 5. Wéi wëll d'Regierung d'strukturell Ursaache vum Defizit ugoen, fir laangfristeg d'finanziell Nohaltegkeet vun eisem Gesondheetswiesen ze garantéieren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel