SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
An der Press gouf rezent iwwert déi wuessend Roll vun Kënschtlecher Intelligenz (KI) am Bildungssystem bericht. Fir d'Schouljoer 2025/2026 huet d'Bildungsministère den Akzent op d'Integratioun vun KI geluecht, nodeems am virege Joer d'Thema "Screen-Life-Balance" am Mëttelpunkt stoung. Wärend KI ëmmer méi zum onverzichtbare Bestanddeel vun eiser Gesellschaft gëtt, stellen sech wichteg Froen iwwert d'Aart a Weis wéi dës Technologie an eisem Schoulwiesen agesat soll ginn, wéi d'Léierpersonal dorop virbereet gëtt, a wéi eng Richtlinne fir den Asaz vu KI am Unterrecht ausgeschafft goufen.
Questions
1. Wéi eng konkret Mesuren huet d'Regierung virgesinn, fir KI an de Schoulen ze integréieren an dobäi d'Qualitéit vum Unterrecht ze garantéieren? 2. Existéiere schonn offiziell Richtlinnen oder Recommandatiounen fir d'Léierpersonal iwwert den Asaz vun KI-Tools am Unterrecht? 3. Wéi eng Formatiounen oder Weiderbildungsméiglechkeete ginn ugebueden, fir d'Léierpersonal op den Asaz vun KI am Bildungskontext virzebereeden? 4. Wéi stellt d'Regierung sécher, dass d'Schüler net nëmmen Konsumenten, mee och kritesch Notzer vun KI-Technologien ginn? 5. Gëtt et Etüden oder Evaluatiounen iwwert de potentiellen Impakt vu KI op d'Léierqualitéit an d'pedagogesch Relatioun tëschent Schüler a Léierpersonal zu Lëtzebuerg?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel