SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
E Freideg, de 7. Februar 2025, hunn de Stater Parquet an dee vun Dikrech en impressionante Coup géint den Drogehandel ugekënnegt. Dobäi goufen 750-800 Kilo Kokain am Wäert vun 80-120 Millioune Euro séchergestallt. Dëst weist, wéi grouss d'Drogeproblematik zu Lëtzebuerg ass an datt et eng koherént an entschlossen Approche brauch fir dëst Phenomeen ze bekämpfen. An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un déi zoustänneg Ministeren stellen, fir méi Prezisioune kënnen ze kréien iwwert dësen importante Coup an d'Mesurë fir de Kampf géint den Drogenhandel an Zukunft nach méi effikass ze gestalten.
Questions
1. Kënnen d'Ministeren eis weider Detailer ginn, wéi et zu dëser erfollegräicher Aktioun komm ass a wéi eng Roll déi verschidde Justiz- an Ermëttlungsautoritéite gespillt hunn? 2. Wéi eng konkret Moossname sinn an deenen nächste Méint a Jore geplangt, fir den Asaz géint den Drogenhandel zu Lëtzebuerg weider ze verstäerken an d'Zesummenaarbecht tëscht de bedeelegte Verwaltunge weider ze optiméieren? 3. Ass d'Regierung der Meenung, datt d'Justiz an d'Police aktuell iwwer déi néideg Mëttelen a Ressource verfügen, fir adequat op déi massiv Erausfuerderunge vum organiséierten Drogenhandel ze reagéieren? 4. Wéi eng weider Schrëtt sinn um internationale Plang virgesinn, fir mat de Partnerlänner an der Groussregioun an der EU géint dës grenziwwerschreidend Kriminalitéit virzegoen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel