SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Laut rezenten Medieberichter huet d'Finanzministesch Backes d'Méiglechkeet vun engem neien Fluchhafen zu Lëtzebuerg net ausgeschloss. Dëst kéint laangfristeg néideg ginn, well den aktuelle Fluchhafen um Findel trotz laufende Moderniséierungsmoossnamen un seng Kapazitéitsgrenzen stoussen dierft. Lux-Airport plangt scheinbar Investitiounen vun ongeféier enger Milliard Euro. D'Zukunft vum Fluchverkéier zu Lëtzebuerg ass eng wichteg strategesch Fro fir eis Wirtschaft an eis international Connectivitéit. Gläichzäiteg werfen esou héich Investitiounen an en eventuellen neien Fluchhafen vill Froen op betreffend Finanzéierung, Ëmweltimpakt, Planung an d'Zukunft vum aktuelle Site um Findel.
Questions
1. Kann d'Madamm Ministesch confirméieren, dass d'Regierung d'Konstruktioun vun engem neien Fluchhafen zu Lëtzebuerg als realistesch Optioun betruecht, a falls jo, a wéi engem Zäitraum? 2. Wéi eng Etüden existéieren aktuell iwwert d'Kapazitéitslimitten vum Findel a wéi eng Prognosen iwwert d'Entwécklung vum Fluchverkéier zu Lëtzebuerg huet d'Regierung? 3. Wéi justifiéiert d'Regierung eng potenziell Investitioun vun enger Milliard Euro a wéi géif dës Investitioun finanzéiert ginn? 4. Goufen et schonn éischt Iwwerleeungen zu méigleche Standuerter fir en neien Fluchhafen a wéi eng Kritäre géifen do spillen? 5. Wéi eng Mesuren huet d'Regierung virgesinn, fir d'Bierger an d'Gemengen an dëse Prozess anzebannen an hir Bedenken ze berücksichtegen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel