SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain virun bal dreienhallef Joer huet Russland seng Drohnenangrëffer op d'Land kontinuéierlech verstäerkt. Besonnesch am Juli huet d'Zuel vun den Attacke mat Drohnen e neien Héichpunkt erreecht, méi wéi jee zanter dem Ufank vum Konflikts. Dës Entwécklung ass extrem besuergniserreegend a weist, datt Russland seng aggressiv Approche géintiwwer der Ukrain nach ëmmer net opgi huet. D'Sécherheet an d'Wuelbefanne vun der ukrainescher Zivilbevëlkerung gëtt doduerch weiderhin massiv bedrot.
Questions
1. Wéi bewäert de Minister d'Situatioun an der Ukrain am Hibléck op déi rezent Hausse un Drohnenangrëffer duerch Russland? 2. Wéi eng konkret Mesurë plangt d'Lëtzebuerger Regierung, fir d'Ukrain an dëser schwiereger Lag ze ënnerstëtzen? 3. Wäert sech Lëtzebuerg op EU- an NATO-Niveau fir eng kloer Verurteelung vun de russeschen Drohnenangrëffer asetzen? 4. Gesäit de Minister d'Méiglechkeet, datt dës Eskalatioun zu enger weiderer Verschäerfung vum Konflikt féiere kéint?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel