SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Dëse Mount huet déi rietsextrem Fraktioun "Patrioten für Europa" (PfE) am Europäesche Parlament d'Federféierung fir d'Ännerung vum EU-Klimagesetz zougesprach kritt, obwuel d'Mëtt-lénks-Fraktiounen dëst probéiert hunn ofzeschwächen. D'Lëtzebuerger Gréng Europadeputéiert Tilly Metz beschreift dës Entwécklung als eng Katastroph. Virun dësem Hannergrond wéilt ech dem Minister e puer Froen iwwert d'Lëtzebuerger Positioun zu dësem Thema stellen.
Questions
1. Wéi positionéiert sech d'Lëtzebuerger Regierung zu der Decisioun, datt déi rietsextrem Fraktioun PfE am Europaparlament d'Federféierung fir d'Ännerung vum EU-Klimagesetz iwwerholl huet? 2. Wat fir konkret Schrëtt ënnerhëlt d'Regierung, fir datt d'Ziler an d'Ambitiounen aus dem Accord de Paris an dem europäesche Green Deal an Zukunft net ënnergruewe ginn? 3. Wäert sech Lëtzebuerg am Rot vun der Europäescher Unioun dofir asetzen, datt d'Klimapolitik vun der EU net duerch rietsextrem Kräften an eng falsch Richtung geleet gëtt, an datt d'Wëssenschaft weiderhin d'Basis vun der Klimapolitik bleift?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel