SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Wéi aus de Medien ze entnehmen ass, huet Russland d'Ukrainesch aus de Stonnepläng an de vu Russland besetzte ukrainesche Gebitter erausgeholl. Dëst betrëfft net nëmmen d'Schoulen an deene Regiounen, mee och doriwwer eraus. Esou eng Moossnam stellt eng kloer Verletzung vum Recht op Bildung duer a widersprécht dem Respekt virun der kultureller an sproochlecher Identitéit vun engem Vollek. D'Recht fir an der Mammesprooch ënnericht ze kréien ass e fundamentaalt Mënscherecht.
Questions
1. Wéi positionéiert sech d'Lëtzebuerger Regierung zu dëser Decisioun vu Russland fir d'Ukrainesch aus de Schoulen ze verbannen? 2. Wäert Lëtzebuerg dës Verletzunge vum Recht op Bildung a vum Recht op kulturell Identitéit op internationalem Plang thematiséieren a veruerteelen? 3. Wéi eng konkret Mesurë kann a wëll Lëtzebuerg huele fir d'Recht vun den Ukrainer op Ënnericht an hirer Sprooch an de besetzte Gebitter ze ënnerstëtzen? 4. Gesäit d'Regierung Méiglechkeeten, fir zesumme mat eisen EU-Partner Drock op Russland auszeüben, fir dës Decisioun zeréckzehuelen an d'Recht op Bildung ze respektéieren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel