SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Den 24. Juni 2025 gouf et e Virfall am Atomkraaftwierk vu Cattenom a Frankräich, wou e Mataarbechter bei Wartungsaarbechten ze vill Stralen ausgesat war. D'Dosis op der Haut vum Mataarbechter louch iwwert dem Grenzwäert. De Virfall gouf an d'Sécherheetsklasse 2 agestuuft. Lëtzebuerg ass direkt betraff vun den Aktivitéite vum AKW Cattenom, well et no bei eiser Grenz läit. D'Sécherheet vun dëser Anlag ass deemno vu grousser Bedeitung fir eis Land an eis Bierger. Dëse Virfall weist, datt et wichteg ass, datt mer als Land genee verfollegen, wat an der Anlag vir geet a wéi d'Sécherheet garantéiert gëtt.
Questions
1. Wéi ass d'Lëtzebuerger Regierung iwwer dëse Virfall informéiert ginn a wéi eng Informatioune leien der Regierung iwwert de geneeën Oflaf an d'Ursaache vum Virfall vir? 2. Wéi eng Mesurë goufe vun de franséischen Autoritéiten an der Tëschenzäit geholl, fir d'Sécherheet vum Personal ze verbesseren an d'Wiederhuele vun esou engem Virfall an Zukunft ze verhënneren? 3. Wéi eng Moyene stinn der Lëtzebuerger Regierung zur Verfügung, fir sech fir d'Sécherheet vum AKW Cattenom anzesetzen a wéi kann d'Regierung Drock op Frankräich maachen, fir datt d'Sécherheetsmoossnamen an Zukunft verstäerkt ginn? 4. Wéi gesäit d'Regierung d'Zukunft vum AKW Cattenom an ass d'Regierung der Meenung, datt dës Anlag sollt zougemaach ginn, fir keng Gefor méi fir Lëtzebuerg duerch en Accident oder e Virfall ze hunn?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel