SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
An der Nuecht op e Sonndeg hunn d'USA sech an de Krich tëscht Israel an dem Iran ageschalt, andeems se nieft der Atomaanlag Fordo och d'Atomanlagen Natans an Isfahan mat B-2-Kampfjets a GBU-57-Bommen attackéiert hunn. Dëse Konflikt huet potenziell wäiträichend Konsequenzen, net nëmme fir d'Regioun mee och fir Lëtzebuerg an déi international Gemeinschaft, besonnesch am Hibléck op d'Sécherheet vum Perseschen Golf an d'Stabilitéit vun de Präisser um Weltmaart.
Questions
1. Wéi schätzt d'Regierung d'Auswierkunge vum Iran-Israel-Konflikt op Lëtzebuerg a seng Bierger an, besonnesch am Hibléck op d'Sécherheet an d'Economie? 2. Wéi eng Moossname plangt d'Regierung fir d'Stabilitéit vun de Präisser vu fossille Brennstoffer ze garantéieren, falls d'Strooss vun Hormus sollt blockéiert ginn? 3. Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg am Kader vun der EU a vis-à-vis vun den USA zu dësem Konflikt, a wéi eng diplomatesch Schrëtt si virgesinn fir eng friddlech Léisung ze favoriséieren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel