SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet ugekënnegt, datt d'EU-Kommissioun an Zukunft méi Gewiicht op Bürokratieabbau an Deregulatioun leeë wäert, wéi bis elo de Fall war. Domat gëtt de Fokus vum "Green Deal" ewech verlagert. Allerdéngs sollen d'Klimaziler vun der EU weiderhi bestoe bleiwen, och wann d'Prioritéite vun der Wirtschaftspolitik sech elo änneren. Dëst féiert zu Froen iwwert d'Koherenz an d'Nohaltegkeet vun der zukünfteger EU-Politik.
Questions
1. Wéi positionéiert sech d'Lëtzebuerger Regierung zu dëser Nei-Ausriichtung vun de wirtschaftspolitesche Prioritéite vun der EU-Kommissioun? 2. Wäerten dës Changementer en Impakt op déi aktuell an zukünfteg Wirtschafts- a Klimapolitik zu Lëtzebuerg hunn, a wa jo, a wéi enger Form? 3. Gesitt d'Regierung d'Gefor, datt duerch dës Nei-Ausriichtung d'Erreeche vun de Klimaziler zu Lëtzebuerg an an der EU erschwéiert gëtt? 4. Wäert Lëtzebuerg sech op EU-Niveau dofir asetzen, datt d'Klimaziler an d'Nohaltegkeetspolitik och an Zukunft eng héich Prioritéit behalen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel