SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Et ass erauskomm, datt a Groussbritannien Zuhälter-Banden iwwer Jorzéngten systematesch schwerst Sexualverbriechen u Meedercher a jonke Fraen begaangen hunn, ouni datt adequat dogéint virgaange gouf. D'brittesch Inneministesch Yvette Cooper huet sech am Numm vun der Regierung entschëllegt an dëse Skandal als e "Schmutzfleck op eiser Gesellschaft" bezeechent. Lëtzebuerg an d'Groussbritannien si befrënnt Länner an et muss een dovunner ausgoen, datt och hei am Land ähnlech Problemer kéinten existéieren. Dofir ass et wichteg, datt mir eis domat beschäftegen a preventiv Moossname huelen, fir esou Verbriechen z'evitéieren an d'Affer beschtméiglech ze schützen.
Questions
1. Sinn der Regierung Fäll vu systemateschen, iwwer länger Zäit ongestrooft bliwwene Sexualverbriechen zu Lëtzebuerg bekannt? Wéi eng Erkenntnisser leien heiriwwer vir? 2. Wéi eng konkret Mesurë gëtt et zu Lëtzebuerg, fir Fraen a Meedercher virun esou Verbriechen ze schützen an d'Täter konsequent ze verfollegen? Wéi effektiv sinn dës Mesuren? 3. Wéi kann d'Zesummenaarbecht tëscht Police, Justiz an Hëllefsorganisatiounen am Kampf géint Mënschenhandel a sexuell Ausbeutung verbessert ginn? Wou gesäit d'Regierung nach Optimisatiounspotential? 4. Wéi wëllt d'Regierung an Zukunft nach méi preventiv géint dës Zort vu Kriminalitéit virgoen a potentiell Affer besser schützen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel