SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Den 15. Juni 2025 gouf eng demokratesch Politikerin an den USA erschoss an e Parteikollege schwéier blesséiert. Dësen Ugrëff zu Minnesota weist, wéi d'Gewalt géint Politiker a Politikerinnen ëmmer méi en Thema an der amerikanescher Politik gëtt. Lëtzebuerg ass zwar net direkt betraff, mee et muss een sech d'Fro stellen, ob mir an eisem Land genuch Moossnamen huelen, fir d'Sécherheet vu Politiker a Politikerinnen ze garantéieren. D'Gewalt géint gewielte Vertrieder vum Vollek ass eng Menace fir eis Demokratie, där mir entgéint wierke mussen.
Questions
1. Wéi eng konkret Mesurë ginn et zu Lëtzebuerg, fir d'Sécherheet vu Politiker a Politikerinnen ze garantéieren? 2. Ginn et Pläng, d'Sécherheetsmoossnamen an Zukunft nach ze verstäerken, fir op méiglech Menacen ze reagéieren? 3. Wéi kann d'Police a Lëtzebuerg op politesch motivéiert Gewalt virbereet ginn a wéi gëtt d'Zesummenaarbecht mat anere Länner an deem Beräich verstäerkt?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel