SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
No enger Decisioun vun enger US Federal Richterin fir d'Ophuelen vun auslännesche Studenten temporär ze stoppen, probéiert d'Trump-Regierung elo op anere Weeër fir d'Universitéiten, deenen se eng lénksliberal Ausriichtung virwerft, zum Alenke ze beweegen. Dës Entwécklung kéint och Auswierkungen op Lëtzebuerger Studenten hunn, déi a Zukunft an den USA studéiere wëllen. Et stellt sech d'Fro, wéi ee Suivi d'Lëtzebuerger Regierung an dëser Saach mécht.
Questions
1. Wéi vill Lëtzebuerger Studente sinn aktuell an de Vereenégten Staaten ageschriwwen a wéi vill hu sech fir dat nächst Semester ugemellt? 2. Wéi eng konkret Mesurë plangt d'Regierung fir d'Interêtë vun de Lëtzebuerger Studenten ze schützen, déi vun den neien US-Restriktiounen a Saache Studentenvisa betraff kéinte sinn? 3. Wäert d'Regierung an deem Kontext de Kontakt mat de verantwortlechen US-Autoritéite sichen, fir op eng méi transparent an nohalteg Approche vun der US-Regierung an dëser Fro hinzewierken?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel