SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Zanter Joren ass d'ArcelorMittal Wierk zu Belval een Haaptthema fir d'Awunner aus dem Escher Quartier Bruch. Obwuel et schonn e puer Fortschrëtter gouf, wou de Stolriis op e puer Fuerderunge vun den Awunner agaangen ass, sou wéi och d'Stad Esch, sinn et ëmmer nach vill Suergen ëm Kaméidi, Liicht a Schlacken. An deem Kontext wéilt ech dem zoustännege Minister dës Froe stellen:
Questions
1. Wéi eng konkret Mesurë sinn an de leschte Jore geholl ginn, fir d'Problemer mat Kaméidi, Liicht a Schlacken ze reduzéieren? 2. Gëtt et en Echéancier mat weidere Moossname fir d'Zukunft, fir d'Liewensqualitéit vun den Awunner weider ze verbesseren? 3. Wéi eng Roll spillt d'Regierung an dësem Dossier a wéi eng Diskussioune goufe mat der Gemeng Esch, de Bierger an dem ArcelorMittal gefouert? 4. Kann de Minister garantéieren, datt d'Suerge vun den Awunner an Zukunft besser wäerte berücksichtegt ginn?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel