SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
De Planning familial huet an hirem neien Tätigkeetsbericht besonnesch Zuelen zu sexueller Gewalt a mangelhafter Sexualopklärung zu Lëtzebuerg publizéiert. Dës Zuele sinn immens besonnesch an et muss dréngend eppes ënnerholl ginn. D'Organisatioun fuerdert dofir déifgräifend Reformen, besonnesch an de Schoulen, fir d'Opfer besser z'ënnerstëtzen an d'Präventioun vun sexueller Gewalt ze verbesseren. Eng adequat Sexualopklärung ass ee wichtege Bestanddeel dovunner.
Questions
1. Wéi eng konkret Mesurë plangt d'Regierung an de Schoulen, fir d'Schüler besser iwwer d'Theme Sexualitéit, Grenze setzen a sexuell Gewalt opzeklären? 2. Wéi kann d'Regierung d'Schoule bei der Ëmsetzung vun enger altersgerechter a qualitativ héichwäerteger Sexualopklärung ënnerstëtzen? 3. Wéi eng zousätzlech Ressourcë gi virgesinn, fir Enseignantë fir dës wichteg Aufgab aus- a weiderzebilde souwie d'Schoulen allgemeng ze ënnerstëtzen? 4. Wéi wëllt d'Regierung d'Zesummenaarbecht tëscht de Schoulen an externe Servicer wéi dem Planning familial verbesseren, fir eng ganzheitlech Approche ze erméiglechen? 5. Wéi kann een d'Opfer vu sexueller Gewalt besser ënnerstëtzen an hinnen d'Méiglechkeet ginn, hir Erfarungen a geschützte Raim ze deelen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel