SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
D'Annonce vun der geplaangter Pensiounsreform duerch de Minister Luc Frieden huet an de leschten Deeg fir vill Opreegung gesuergt, besonnesch bei der jonker Generatioun. Souwuel déi jonk Lénk wéi och déi gréng Jugendorganisatioun hu sech an engem Communiqué ganz kritesch iwwert d'Reform geäussert. Haaptkritikpunkt ass, datt d'Reform d'Zukunftsperspektive vun de Jonke géif verbauen an datt déi Jonk bis zu 5 Joer méi laang misste schaffe goen. Dobäi gëtt och bemängelt, datt bei der Ausaarbechtung vun der Reform keen Acteur consultéiert gouf, deen d'Interesse vun der jonker Generatioun vertëtt.
Questions
1. A wéi engem Mooss goufen d'Bedenken an d'Uleies vun der jonker Generatioun bei der Ausaarbechtung vun der Reform mat akalkuléiert? 2. Wéi eng konkret Mesurë sinn an der Reform virgesinn, fir d'Perspektive vun de Jonken ze erhalen an hir Interêten ze schützen? 3. Sinn elo nach Consultatiounen mat de Jugendorganisatiounen an aneren Acteuren aus der Zivilgesellschaft geplangt, fir hier Positiounen an d'Reform mat afléissen ze loossen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel