SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Zanter leschter Woch huet déi däitsch Bundesregierung ugekënnegt d'Kontrolle vun de Persounen déi an Däitschland areesen ze verschäerfen. Dëst huet dozou gefouert, datt d'Zuel vun de Kontrollen un der Grenz bei der Wasserbëllegerbréck zougeholl huet an och Asylsichend zréck op Lëtzebuerg geschéckt ginn. An deem Zesummenhang wéilt ech follgend Froen un d'Regierung stellen:
Questions
1. Wéi eng konkret Mesuren huet d'Regierung an der Vergaangenheet geholl fir eng gutt Zesummenaarbecht mat den däitschen Autoritéiten ze garantéieren a wéi eng weider Schrëtt sinn an Zukunft geplangt? 2. Goufen et Gespréicher mam däitsche Pendant fir d'Situatioun vun den Asylsichenden déi zréckgeschéckt ginn ze diskutéieren a wéi eng Léisunge goufe fonnt? 3. Wéi eng Auswierkungen hunn déi verschäerft Kontrollen op de Grenzverkéier an d'Wirtschaft an der Grenzregioun? Sinn do Mesurë virgesinn fir negativ Konsequenzen ofzeschwächen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel