SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
An de leschte Wochen a Méint sinn ëmmer méi Fäll bekannt ginn, an deenen d'Clientë vun de Banken hei zu Lëtzebuerg Affer vu Cyberkriminalitéit goufen an doduerch grouss Zomme vu Suen op hiren Online-Bankkonten verluer hunn. Vill vun de Betraffene fillen sech an dëser Situatioun vun de Banken am Stach gelooss a wëssen net, u ween se sech wende kënnen. D'Banken, dorënner d'Spuerkeess, an den Authentifizéierungsservice LuxTrust hunn sech an engem Artikel vum Essentiel vum 15. Mee 2025 zu dëser Problematik geäussert. Trotzdem bleiwen nach vill Froen op, wéi d'Sécherheet beim Online-Banking an Zukunft besser garantéiert ka ginn an a wéiwäit d'Banken an d'Verantwortung ze huelen hunn.
Questions
1. Wéi eng konkret Moossname plangen d'Regierung an d'Bankenofsicht, fir d'Sécherheet vun den Online-Banking-Systemer an Zukunft ze verbesseren? 2. Wéi gesäit d'Regierung d'Responsabilitéit vun de Banken a Fäll vu Cyberkriminalitéit, wou d'Clienten e Schued erleiden? Wäerten d'Banke verstäerkt an d'Verantwortung geholl ginn? 3. Wéi kënne betraffe Clienten an esou Situatiounen besser ënnerstëtzt a begleet ginn, z.B. duerch spezifesch Ulafstellen a juristesch Hëllef? 4. Wéi kann d'Zesummenaarbecht tëscht Banken, Police an der Justiz verbessert ginn, fir Täter méi séier ze identifizéieren an d'Suen nees zeréckzekréien?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel