SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
De 14. Mee 2025 huet den EU-Geriicht zu Lëtzebuerg decidéiert, datt d'EU-Kommissioun muss d'SMS'en tëscht der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an dem Pfizer-Chef aus der Zäit vun der Coronapandemie erausginn. Dat war d'Resultat vun enger Plainte vun der "New York Times". D'Kommissioun hat sech virdrun geweigert, dës Kommunikatioun ëffentlech ze maachen, mee dës Decisioun ass elo annuléiert ginn. Fir d'Transparenz an d'Vertrauen an eisen Institutiounen ze stäerken, ass et wichteg, datt d'Bierger an d'Press en Abléck an dës Diskussiounen kréien.
Questions
1. Wéi gesäit d'Regierung d'Urteel vum EU-Geriicht a wéi bewäert si d'Konsequenze fir d'Transparenz an der EU? 2. Wäert sech Lëtzebuerg am Rot vun der Europäescher Unioun dofir asetzen, datt d'Kommunikatioun tëscht der Kommissioun an externe Partner méi transparent gëtt, fir d'Vertraue vun de Bierger ze stäerken? 3. Wéi eng Schrëtt wäert d'Regierung ënnerhuelefir sécherzestellen, datt an Zukunft d'Kommunikatioun tëscht eisen Institutiounen an der Industrie besser dokumentéiert a méi zougänglech gemaach gëtt?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel