SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Wéi et aus engem rezenten Artikel vum Tageblatt ervir geet, weist déi däitsch Bundespolizei elo och Leit déi an Däitschland Asyl ufroen op Lëtzebuerg zeréck. Dobäi ginn déi betraffe Persounen net ëmmer direkt un déi Lëtzebuerger Autoritéiten iwwerreecht, mä ginn einfach iwwert d'Grenz geschéckt. Dëst Virgoe werft Froe bezüglech dem Oflaf vun dëse Prozeduren op, an och wéi d'Lëtzebuerger Autoritéiten domadder ëmginn a wéi eng Moossnamen getraff ginn fir d'Rechter vun de Leit ze schützen déi op dës Manéier zeréckgeschéckt ginn.
Questions
1. Wéi eng Ofkommes bestinn tëscht de Lëtzebuerger an den däitschen Autoritéiten am Hibléck op d'Zeréckweisung vu Leit un der Grenz? 2. Wéi ginn d'Lëtzebuerger Autoritéiten informéiert wann d'Bundespolizei Leit op dës Manéier zeréckschéckt? 3. Wéi eng Prozedure gëtt vun de Lëtzebuerger Autoritéiten applizéiert wann esou Leit op Lëtzebuerger Territoire ukommen? 4. Wéi gëtt séchergestallt datt d'Rechter an d'Dignitéit vun de betraffene Persounen an dësem Prozess respektéiert ginn? 5. Wéi eng konkret Moossname gedenkt d'Regierung ze huele fir eng kloer an transparent Prozedur an dësen Fäll ze garantéieren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel