SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
An der Nuecht vum 6. op de 7. Mee huet Indien pakistanesch Ziler ugegraff, woubäi op d'mannst 8 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. De Pakistan huet mat enger "entschlossener Äntwert" gedreet. Den UN-Generalsekretär Guterres huet sech ganz besuergt iwwert d'Eskalatioun vum Konflikt gewisen. Wéinst der geopolitesch Bedeitung vun der Regioun an de Risike vun enger weiderer militärescher Eskalatioun, ass et wichteg datt d'international Communautéit sech aschalt fir d'Spannungen ofzebauen.
Questions
1. Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg zu dësem aktuellen Konflikt tëscht Indien a Pakistan? 2. Wéi eng diplomatesch Initiativen ënnerstëtzt oder plangt Lëtzebuerg, zesumme mat eisen EU an UN Partner, fir d'Gewalt ze stoppen an en Dialog ze förderen? 3. Wäert Lëtzebuerg d'Situatioun am UN Sécherheetsrot uschwätzen, well béid Länner Atommuechte sinn an de Risiko vun enger nuklearer Eskalatioun besteet? 4. Wéi eng humanitär Hëllef kann Lëtzebuerg ubidden fir d'Affer vum aktuelle Konflikt an de Flüchtlingen aus der Regioun ze ënnerstëtzen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel