SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Zanter zwee Méint blockéiert Israel d'Hëllefsliwwerungen an de Gaza-Streef, wat zu enger dramatescher Verschlechterung vun der humanitärer Situatioun an deem Gebitt gefouert huet. D'Lag fir d'Bevëlkerung gëtt ëmmer méi desolat an et dréit een ëmmer méi Suergen ëm d'Liewen an d'Wuelbefannen vun de Leit virun Ort. An engem rezenten Interview huet déi israelesch Ambassadrice fir Lëtzebuerg Aussoen iwwert d'weidert Virgoe vun Israel am Gaza-Streef gemaach. Dës Aussoe weise kloer, datt sech d'Lag an noer Zukunft net wäert verbesseren, wa vun internationale Säit net intervenéiert gëtt.
Questions
1. Wéi positionéiert sech d'Lëtzebuerger Regierung zu der aktueller humanitärer Kris am Gaza-Streef an zu der Blockad vun den Hëllefsliwwerungen duerch Israel? 2. Wéi gedenkt d'Regierung sech op EU- an UN-Niveau anzesetzen, fir eng Verbesserung vun der Situatioun fir d'Bevëlkerung am Gaza-Streef ze erreechen a fir Drock op Israel auszeüben d'Blockad opzehiewen? 3. Wäert Lëtzebuerg selwer Hëllefsliwwerungen an de Gaza-Streef ënnerhuelen an, wann jo, a wéi engem Ëmfang a wéini ka mat der Ëmsetzung gerechent ginn?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel