SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Den 6. Mee 2025 huet den Verwaltungsgeriicht dem Deputéierte Sven Clement a 1. Instanz Recht ginn, an der Fro ëm den Zougang zu de Beschafungsverträg fir d'Corona-Impfstoffer. Domat gëtt de Ball un d'Gesondheetsministesch Martine Deprez weidergeleet. Den Zougang zu dëse Verträg ass vu groussem ëffentlechen Interessi, well domat d'Transparenz an d'Kontroll vum Ëmgang mat ëffentleche Gelder a Ressourcen an der Pandemiebekämpfung séchergestallt ginn.
Questions
1. Wäert d'Regierung dem Geriichtsurteel nokommen an dem Deputéierte Sven Clement an anere Vertrieder vum Vollek den Zougang zu de Beschafungsverträg fir d'Corona-Impfstoffer gewären? 2. Falls net, wéi eng Schrëtt gedenkt d'Regierung ze ënnerhuelen, fir sech géint d'Urteel ze wieren, an op Basis vu wéi enge rechtlechen an inhaltlechen Argumenter? 3. Wéi gedenkt d'Regierung an Zukunft mat ähnleche Froen ëm d'Transparenz bei der Beschafung vu wichtegem Material am Gesondheetsberäich ëmzegoen, fir d'demokratesch Kontroll ze garantéieren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel