SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
D'Bundesamt fir Verfassungsschutz an Däitschland huet d'AfD als "gesichert rechtsextremistësch Bestriewung" aklasséiert. Dëst opgrond vun der "d'Mënschewürd missuechtender, extremistëscher Prägung vun der Gesamtpartei". Dës Entwécklung an eisem Nopeschland wierft d'Fro op, wéi eng Konsequenzen dat fir d'Sécherheet zu Lëtzebuerg kéint hunn. Besonnesch well et och zu Lëtzebuerg Sympathisante vun der AfD gëtt.
Questions
1. Wéi schätzt den Här Minister d'Gefor duerch d'AfD an hir Unterstetzer zu Lëtzebuerg an? 2. Wéi eng konkret Moossname gëtt et, fir Influenzen aus dem rechtsextremistësche Milieu zu Lëtzebuerg ze iwwerwaachen an anzedämmen? 3. Gëtt et eng Zesummenaarbecht mat de responsabelen Autoritéiten an Däitschland, fir Erkenntnisser iwwer grenziwwerschreidend Aktivitéiten auszetauschen? 4. Wéi stellt de Minister sécher, datt d'Sécherheet vun de Bierger zu Lëtzebuerg net duerch d'Presenz vun AfD Sympathisanten a Gefor kënnt?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel