SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Ech bezéien mech op d'Noriicht vum 10. Abrëll 2025, an där et heescht, datt 35 Persounen eng Entschiedegung vum Staat gefrot hunn, well se no der Impfung géint de Covid-19 e Schued erlidden hunn. Et ass wichteg, datt de Staat seng Verantwortung iwwerhëlt a Persounen entschiedegt, déi duerch eng staatlech recommandéiert Impfung zu Schued komm sinn. Gläichzäiteg musse mer awer och genee verstoen, ëm wéi eng Impfschied et sech hei handelt an a wéi enge Fäll de Staat eng Entschiedegung ubitt.
Questions
1. Wéi vill Entschiedegungsufroe goufen et bis ewell am Zesummenhang mat der Covid-19 Impfung, a wéi vill dovunner goufen ugeholl? 2. No wéi enge Kritären entscheet de Staat, ob eng Persoun e Recht op eng Entschiedegung huet? Gëtt et do kloer Reegelen? 3. Wéi héich ware bis ewell d'Zomme vun den Entschiedegungen, déi ausbezuelt goufen, a wéi vill Suen huet de Staat am Ganzen dofir virgesinn? 4. Wéi laang dauert et am Duerchschnëtt bis eng Decisioun iwwert eng Entschiedegungsufro getraff gëtt, a wéi kann ee sech wieren, wann een net zefridde mat der Decisioun ass?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel