SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Virun zwou Woche gouf et e willkürlechen israeleschen Ugrëff op humanitär Hëllef am Gazasträif, bei deem 15 Leit ëm d'Liewe koumen. En Handy-Video vun engem vun den Affer weist d'lescht Momenter virum Ugrëff a widerleet domat d'Duerstellung vun der israelescher Säit. D'Situatioun am Gazasträif gëtt ëmmer méi katastrophal an et ass ëmmer méi schwéier fir humanitär Hëllefsorganisatiounen wéi Médecins sans frontières an Unicef hir wichteg Aarbecht ze maachen. Si mellen, dass et ëmmer méi komplizéiert gëtt humanitär Hëllef an de Gazasträif ze kréien.
Questions
1. Wéi positionéiert sech d'Lëtzebuerger Regierung zu dësem Virfall an dem willkürlechen Ugrëff op humanitär Hëllef? 2. Wéi eng konkret Schrëtt ënnerhëlt d'Regierung fir d'Sécherheet vun de Mataarbechter vun de Lëtzebuerger Hëllefsorganisatiounen am Gazasträif ze garantéieren? 3. Wat ënnerhëlt d'Regierung, fir den Zougang vun humanitärer Hëllef an de Gazasträif ze vereinfachen an d'Aarbecht vun de Lëtzebuerger ONGen ze ënnerstëtzen? 4. Wäert d'Regierung dësen Incident op internationaler Bün thematiséieren, z.B. an der UNO, fir op déi prekär Situatioun am Gazasträif opmierksam ze maachen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel