SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
De Weekend koum et zu Déifferdeng an Esch zu Messergräif mat Blesséierten. Zu Déifferdeng goufen zwou Persoune blesséiert, eng Persoun esou uerg, datt eng Noutoperatioun néideg war. Zu Esch gouf eng Persoun mat enger déiwer Schnëttwon am Hals an d'Spidol ageliwwert. D'Police huet zu Déifferdeng dräi Verdächteger festgeholl. Zu Esch geet d'Police vun engem versichten Doutschlag aus. Dës Messergräif suerge fir Onrou an der Bevëlkerung.
Questions
1. Wéi vill Messergräif goufen et dëst Joer schonn am Land, a wéi ass d'Entwécklung par Rapport zu de leschte Joren? 2. Wat sinn d'Hannergrënn vun de rezente Messergräif zu Déifferdeng an Esch? Ginn et Indizien, datt et sech ëm Drogekrimenalitéit handelt? 3. Wéi eng konkret Mesurë plangt de Ministère fir d'Sécherheet an den ëffentleche Raim ze verbesseren a Gewaltacten, wéi elo mat Messeren, entgéintzewierken? 4. Wéi eng Erkenntnisser leien dem Ministère iwwert d'Herkonft vun de Messere vir, déi bei esou Messergräif benotzt ginn? Gëtt et do Handlungsbedarf?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel