SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Et sinn elo bal dräi Joer hier, zanter deem d'Flüchtlingen aus der Ukrain op Lëtzebuerg komm sinn. Vill vun hinnen hu sech hei integréiert an en neit Liewen opgebaut. Trotz de Beméiungen vun de leschte Joren, ginn et awer ëmmer nach Schwieregkeeten. Besonnesch de Mangel u bezuelbare Wunnraum mécht de Flüchtlingen ze schafen. Déi zoustänneg Hëllefsorganisatiounen a Verwaltunge kommen un hir Grenzen.
Questions
1. Wéi vill ukrainesch Flüchtlingen hu momentan keng fest Wunneng a mussen an Structures d'accueil provisoire wunnen? 2. Wat fir konkret Mesuren hutt Dir an de leschten dräi Joer geholl, fir de Flüchtlingen aus der Ukrain eng Wunneng ze verschafen? 3. Ginn et Pläng, fir d'Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen an dem ONA ze verbesseren, fir d'Flüchtlingen besser ze ënnerstëtzen? 4. Wéi eng zousätzlech Ressourcë brauchen d'Hëllefsorganisatiounen an d'Gemengen, fir de Flüchtlingen eng adequat Ënnerstëtzung ze bidden?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel