SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
E Mëttwoch, de 28. Mäerz 2025, huet en Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,7 d'Länner Myanmar a Thailand erschüttert. Och an der thailännescher Haaptstad Bangkok hunn d'Awunner a Panik hir Haiser verlooss. Dëst Naturereignis dierft vill Schued hannerlooss hunn an et ass ze fäerten, datt et Doudeger an e groussen Impakt op d'Liewe vun de Leit an deene betraffene Regiounen huet. Lëtzebuerg huet sech an der Vergaangenheet ëmmer nees solidaresch gewisen, wann et ëm d'Ënnerstëtzung vu Länner goung, déi vun Naturkatastrophe betraff waren. An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un de Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht a humanitär Hëllef stellen:
Questions
1. Wéi eng Moossnamen huet Lëtzebuerg bis ewell ënnerholl, fir deene betraffene Länner ze hëllefen? 2. Wéi vill Suen huet Lëtzebuerg bis elo zur Verfügung gestallt, fir den Affer vum Äerdbiewen ze hëllefen a wéi ginn dës Suen agesat? 3. Mat wéi enge Partner schafft Lëtzebuerg zesummen, fir eng koordinéiert an effektiv Hëllef ze leeschten? 4. Wéi eng weider Mesurë sinn an deenen nächsten Deeg a Wochen nach geplangt, fir de Leit a Myanmar an Thailand an hirer schwiereger Situatioun zur Säit ze stoen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel