SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Et ass ze liesen, datt den Inneministère un engem neie Versammlungsgesetz schafft, deen haaptsächlech drop aus ass, Demonstratiounen ze limitéieren an ofzeschrecken. Transparenter, Trillerpäifen, Mënscheketten a Spriechgesang, déi zu der politescher Meenungsäusserung op der Strooss gehéieren, ginn domat ageschränkt. Grad ewéi honnerte Leit hir Schëlder fir de Fraestreik e Samschdeg bemolen, gëtt am Hannergrond un engem méi restriktive Gesetz geschafft. Dëst schéngt net am Interessi vun der Bevëlkerung an hirem Recht op fräi Meenungsäusserung ze sinn.
Questions
1. Firwat gesäit den Här Minister d'Noutwendegkeet fir d'Demonstratiounsrecht an engem neie Gesetz méi staark anzeschränken? 2. Wéi garantéiert de geplangte Gesetzestext, datt d'Grondrecht op Versammlungsfräiheet an d'Recht op fräi Meenungsäusserung net substanziell limitéiert ginn? 3. Gëtt et konkret Indicen, datt déi aktuell Gesetzgebung net duergeet, fir e friddlechen an ongestéierte Verlaf vu Manifestatiounen ze garantéieren, an datt dofir en neit Gesetz an dësem Beräich gebraucht gëtt? 4. Wäert den Här Minister d'Bedenken aus der Zivilgesellschaft an d'Kritik u méigleche Restriktiounen um Demonstratiounsrecht an d'Ausschaffe vum neie Gesetz mat afléisse loossen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel