SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
De 7. Mäerz huet den Tageblatt bericht, datt den Inneministère un engem neie Versammlungsgesetz schafft. Dem Artikel no wier de Geescht vum Text virun allem op Ofschreckung ausgeriicht. D'Demonstratiounsrecht an d'Recht op fräi Meenung sinn an enger Demokratie extrem wichteg Grondrechter. Et muss een also oppassen, datt dës Rechter net duerch en ze restriktivt Gesetz ageschränkt ginn.
Questions
1. Wéi wäit ass den Ausschaffe vum neie Versammlungsgesetz an Ärem Ministère bis ewell komm a wéini ass geplangt de finalen Text ze presentéieren? 2. Kënnt Dir confirméieren, datt den Text effektiv haaptsächlech op Ofschreckung ausgeriicht ass, wéi den Tageblatt schreift? Wann jo, firwat hutt Dir Iech fir dësen Usaz entscheet? 3. Wéi wëllt Dir sécherstellen, datt d'Grondrechter op Versammlungsfräiheet a fräi Meenung duerch dëst neit Gesetz net ze staark ageschränkt ginn? 4. Wéi eng konkret Mesurë sinn am neien Text virgesinn, fir d'Organisatioun vu Manifestatiounen ze reegelen an d'ëffentlech Sécherheet ze garantéieren, ouni awer d'Demonstratiounsrecht ze vill ze limitéieren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel