SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
An de leschte Wochen huet et an der Press Berichter ginn, datt Lëtzebuerg e Veto géint europäesch Sanktiounen géint d'M23-Miliz an Offizéier aus Ruanda an der Demokratescher Republik Kongo ageluecht hätt. De 5. Mäerz huet den Ausseminister Xavier Bettel an der Chamber an duerno an engem Interview mam Tageblatt dës Aussoen dementéiert a präziséiert, datt Lëtzebuerg kee Veto géint dës Mesuren ageluecht huet.
Questions
1. Kann den Här Minister bestätegen, ob Lëtzebuerg effektiv e Veto géint dës Sanktiounen ageluecht huet oder net? 2. Wéi eng konkret Positioun huet Lëtzebuerg bei dëser Fro an de Reunioune vum Europäesche Rot vertrueden? 3. Wéi beuertelt d'Lëtzebuerger Regierung d'Situatioun an d'Konflikter an der DR Kongo, besonnesch d'Roll vun der M23-Miliz? 4. Wéi eng diplomatesch Schrëtt ënnerhëlt Lëtzebuerg fir zu enger friddlecher Léisung an der Regioun bäizedroen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel