SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Medieberichter no huet d'Berodungsfirma PwC eng méi aktiv Roll am Iwwergang vun der Caritas op d'Organisatioun "Hëllef um Terrain" (HUT) gespillt, wéi bis ewell behaapt gouf. Dëst soll aus engem Ofschlossbericht vun der PwC ervirgoen. Gläichzäiteg lafen 8 Klagen vun fréiere Caritas Mataarbechter a Personalvertrieder virum Aarbechtsriichter, fir eng Betribsiwwerdroung anzeekloen. D'Caritas Mataarbechter sinn onsëcher wat hir Rechter a Perspektiven am neien HUT betrëfft.
Questions
1. Wéi eng Roll huet d'PwC genee beim Iwwergang vun der Caritas op HUT gespillt a wéi ënnerscheet sech dës vun deem wat bis ewell kommunizéiert gouf? 2. Wéi gesäit de PwC Ofschlossbericht genee aus a wat sinn d'Haaptaussoen doraus? 3. Firwat gouf bis ewell net transparent iwwer d'Roll vun der PwC an den detailléierten Oflaf vum Iwwergang kommunizéiert? 4. Wéi steet d'Regierung zu de Klagen, déi fréier Caritas Mataarbechter agereecht hunn? Ass eng Betribsiwwerdroung hirer Meenung no gerechtfäerdegt? 5. Wéi wëll d'Regierung d'Rechter an d'Perspektive vun de Caritas/HUT Mataarbechter an Zukunft garantéieren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel