SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
An der Pandemie ass et däitlech ginn, dass d'Versuergung mat wichtege Medikamenter net garantéiert ass. Och ausserhalb vun dëser Krisenzäit kënnt et ëmmer erëm vir, dass essentiell Medikamenter feelen oder nëmme begrenzt verfügbar sinn, wat zu Versuergungsenkpäss féiert a potenziell geféierlech Situatioune fir Patienten schaaft. D'Europäesch Unioun huet mat dem Critical Medicines Act e Gesetz op den Instanzewee bruecht, dat d'EU méi onofhängeg an der Medikamenteversuergung maache soll. Dëst ass eng wichteg Initiativ, awer et stellt sech d'Fro, wéi Lëtzebuerg sech op dës nei Legislatioun astellt an op mir als Land genuch Mesurë geholl hunn, fir d'Versuergung mat wichtege Medikamenter ze sécheren.
Questions
1. Wéi bewäert de Minister d'aktuell Situatioun vun der Medikamentenknappheet zu Lëtzebuerg a wéi eng Medikamenter sinn am meeschte betraff? 2. Wéi eng konkret Mesurë plangt d'Regierung, fir d'Ëmsetzung vum EU Critical Medicines Act zu Lëtzebuerg ze garantéieren? 3. Gëtt et e nationale Strategie- oder Aktioungsplang, fir Medikamentenenkpäss ze vermeiden an d'Versuergung mat kritesche Medikamenter ze sécheren? 4. Wéi eng Gespréicher oder Kooperatioune ginn et mat de Pharmaentreprisen, fir eng besser Versuergung ze garantéieren? 5. Plangt d'Regierung e strategesche Reserv vu kritesche Medikamenter unzeleeën, fir op eventuell Enkpäss reagéieren ze kënnen?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel