SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Laut engem Artikel am "L'Essentiel" vum 27. Januar 2026 hu verschidde Leit, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, hir Aarbechtslosenentschiedegung iwwer méi Méint net kritt, wat zu grousse finanziellen Ëmstänn gefouert huet. Sou ass et ënner anerem zu Situatioune komm, wou Betraffener hir Loyere net méi bezuele konnten, wat d'Prekaritéit vun dëse Persounen nach weider verschlëmmert huet. D'ADEM huet dës Problemer op "technesch Schwieregkeeten" zeréckgefouert. Dëst ass awer eng onzouräichend Erklärung fir eng Situatioun, déi d'Existenz vu ville Mënschen a Gefor bréngt. Besonnesch an Zäite vun héije Liewenskäschten ass et onakzeptabel, dass d'Auszahlung vu soziale Leeschtungen duerch technesch Problemer blockéiert gëtt, ouni dass schnell Alternativléisungen ugebuede ginn.
Questions
1. Wéi vill Persounen waren am ganze vun dësen technesche Problemer bei der ADEM betraff, a wéi laang waren d'Verzögerunge bei der Auszahlung am Duerchschnëtt? 2. Wat waren déi konkret Ursaache vun dësen technesche Problemer, a wéi eng Mesuren huet d'Regierung elo ergraff, fir sécherzestellen, dass sou eppes an Zukunft net méi virkënnt? 3. Firwat gouf et keng Noutléisung, fir den ageschriwwene Chômeuren trotz technesche Problemer hir Entschiedegung zäitno auszebezuelen? 4. Gëtt et eng finanziell Entschiedegung fir déi Betraffen, déi duerch dës Verzögerungen zousätzlech Käschten (wéi z.B. Verzuchszënsen) haten? 5. Wéi eng Kommunikatiounsstrategie huet d'ADEM agesat, fir déi Betraffen iwwer dës Problemer ze informéieren, a wäert dës Strategie verbessert ginn?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel