SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Laut rezenten Informatiounen, déi an der Press publizéiert goufen, huet eng Allianz aus eelef multinationalen Entreprisen aktiv doru geschafft, fir d'europäesch Richtlinn iwwer d'Sorgfaltspflicht vun Entreprisen am Beräich vun der Nohaltegkeet (CSDDD) ze Fall ze bréngen. D'Organisatioun SOMO, déi d'Aktivitéite vun multinationalen Entreprisen an hiren Lobbyisten iwwerwaacht, huet duerch geléckten Dokumenter erausfonnt, wéi dës Allianz vun Entreprisen hir Strategie ëmgesat huet. An dësem Kontext ass et wichteg ze verstoen, wéi d'Lëtzebuerger Regierung zu dëser Entwécklung steet an a wéi wäit d'Lobbying-Aktivitéiten och en Impakt op d'Lëtzebuerger Positioun haten. D'Transparenz iwwer d'Interaktiounen tëscht Wirtschaftsvertrieder an der Regierung ass essentiell fir eng demokratesch Entscheedungsprozedur ze garantéieren, besonnesch wann et ëm wichteg Froen wéi d'Ëmwelt- an d'Mënscherechtsverantwortung vun Entreprisen geet.
Questions
1. Kann de Minister detailléieren, wéi eng Kontakter d'Lëtzebuerger Regierung mat Vertrieder vun den an der Allianz involvéierten eelef Entreprisen hat, spezifesch am Kontext vun der CSDDD? 2. Wéi eng Positioun huet d'Lëtzebuerger Regierung am Ministerrot zu der CSDDD vertrueden an huet sech dës Positioun am Laf vun der Zäit geännert? 3. Wéi steet de Minister zu der Revelatioun, datt multinational Entreprisen koordinéiert Lobbyaarbecht géint d'Liwwerkettendirektiv bedriwwen hunn, an ass de Minister der Meenung, datt dëst d'demokratesch Entscheedungsprozesser op EU-Niveau ënnergruewen huet? 4. Plangt d'Regierung, trotz dem Réckschlag op EU-Niveau, national Mesuren anzeféieren, déi d'Sorgfaltspflicht vun Entreprisen am Beräich vun der Nohaltegkeet garantéieren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel