SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
An der Press gouf rezent bericht, datt Spuenien ab dem 1. Januar 2026 d'Flicht afiert, datt all Auto mat engem Warnliicht (Gyrophare) ausgestatt muss sinn, dat am Fall vun enger Pann oder engem Accident benotzt ka ginn. Dës Moossnam déngt dozou, d'Visibilitéit vun immobiliséierte Gefierer ze verbesseren an domat d'Sécherheet op de Stroossen ze erhéijen. Lëtzebuerg huet bis elo keng änlech Reglementatioun agefouert, obwuel Noutfallsituatiounen op eise Stroossen, besonnesch op den Autobunn a bei schlechte Wiederkonditiounen, ëmmer nees zu geféierleche Situatioune féieren. D'Visibilitéit vun immobiliséierte Gefierer ass e wichtege Faktor fir d'Sécherheet vun allen Usager vum Stroosseverkéier ze garantéieren.
Questions
1. Wéi bewäert de Minister déi nei spuenesch Reglementatioun iwwert obligatoresch Warnliichter a Gefierer, a gëtt et Iwwerleeungen, eng änlech Moossnam zu Lëtzebuerg anzeféieren? 2. Wéi eng Statistiken huet de Ministère iwwer Accidenter, déi duerch schlecht siichtbar immobiliséiert Gefierer op Lëtzebuerger Stroossen verursaacht goufen, an deene leschten 5 Joer? 3. Gëtt et aktuell Studien oder Analysen iwwer d'Wierksamkeet vu Warnliichter am Verglach zu anere Sécherheetsmoossnamen (wéi z.B. Waarndräieck oder Warnwesten), a wéi eng Konklusiounen zitt de Minister doraus? 4. Falls eng änlech Moossnam zu Lëtzebuerg sollt agefouert ginn, wéi géif de Minister sécherstellen, datt dës Flicht och fir auslännesch Autoen, déi duerch Lëtzebuerg fueren, gëllt, an datt d'Bierger adequat informéiert sinn?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel