SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
De 20. November 2025 hunn d'Notzer vum "Téléalarme"-System e Bréif vun der Stëftung "Hëllef doheem" kritt, deen hinnen matdeelt, datt et Ännerunge beim Zougang zu hiren Wunnengen géif ginn. Dëst Noutsystem erlaabt et ville vulnerabele Leit, autonom an hire véier Wänn ze liewen, andeems si am Noutfall einfach en Uruff maache kënnen, fir Hëllef ze kréien. D'Ännerung beim Schlësseldepot schéngt vill Leit ze beunrouegen, well et e wichtegen Aspekt vum Téléalarme-System ass, deen et de Secouristen erlaabt, am Noutfall ouni Verzögerung an d'Wunneng ze kommen. Fir vill eeler oder ageschränkt Leit ass dëst System liewenswichteg an all Ännerung an dësem Beräich kann direkt Auswierkungen op hir Sécherheet hunn.
Questions
1. Wat sinn déi genau Ännerungen am Schlësseldepot-System fir d'Téléalarme-Notzer a firwat goufen dës Ännerungen decidéiert? 2. Wéi vill Leit zu Lëtzebuerg sinn aktuell vun dëser Ännerung betraff? 3. Goufen d'Betraffener am Virfeld konsultéiert an informéiert iwwert dës Ännerungen? 4. Wéi eng Moossname gëtt d'Regierung, fir sécherzestellen, datt déi vulnerabel Leit während dem Iwwergang zu engem neie System weiderhin optimal geschützt sinn? 5. Ginn et staatlech Subventiounen oder Hëllefen fir d'Betraffener, falls duerch dës Ännerungen Käschten entstinn?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel