SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Wéi aus engem Bréif vun der Stëftung "Hëllef doheem" vum 20. November 2025 ervirgeet, mussen d'Notzer vum Téléalarme-System, déi e Schlësseldepot benotzen, sech op Ännerunge preparéieren. Dëst Noutfallsystem ass fir vill vulnerabel Persounen eng wichteg Ënnerstëtzung fir autonom an hiren eegene véier Wänn ze liewen, andeems si am Noutfall direkt Hëllef ruffe kënnen. D'Ännerunge bezéie sech op den Zougang zu de Wunnenge vun den Notzer, wat fir vill eeler a vulnerabel Leit, déi op dëse Service ugewise sinn, Onsécherheetsfaktore mat sech bréngt. Well dëse Service eng wichteg Roll spillt fir d'Autonomie vun eise Matbierger ze erhalen an hir Sécherheet doheem ze garantéieren, ass et wichteg ze verstoen, wat dës Ëmstellung genee bedeit a wéi eng Alternativlösunge proposéiert ginn.
Questions
1. Wat sinn déi genee Ännerungen um Schlësseldepot-System beim Téléalarme an aus wéi engem Grond goufen dës Ännerunge beschloss? 2. Wéi vill Persounen zu Lëtzebuerg si vun dëser Ëmstellung betraff a wéi gëtt garantéiert, dass keng Ënnerbriechung vum Service entsteet? 3. Wéi eng Alternativlösunge ginn de Betraffene proposéiert a wéi gëtt séchergestallt, dass dës Alternativen och fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit oder kognitiven Aschränkunge praktikaabel sinn? 4. Wéi laang ass d'Iwwergangsphas a wéi eng Moossnamen huet d'Regierung virgesinn, fir d'Betraffenen an hir Familljememberen adequat ze informéieren an ze begleeden? 5. Wäerten duerch dës Ëmstellung zousätzlech Käschte fir d'Notzer entstoen an, falls jo, si Subventiounen oder finanziell Hëllefe virgesinn?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel