SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Am Juli 2025 huet eng Fotoausstellung am Centre national de l'audiovisuel (CNA) zu Diddeleng missen zougemaach ginn wéinst technesche Problemer mat der Klimaanlag. Sou Problemer kënnen zu engem serieuse Risiko fir wäertvoll kulturell Exponate féieren, besonnesch bei Fotografie, wou Temperaturen a Loftfiichtegkeet eng kritesch Roll spillen. Sechs Méint no dësem Virfall ass et nach ëmmer net kloer, ob Exponate beschiedegt goufen an wéi et iwwerhaapt zu dësem Ausfall vun der Klimaanlag konnt kommen. Dëst werft Froen op iwwert d'Präventiouns- an Noutfallmoossnamen am CNA, grad ewéi iwwert d'Responsabilitéiten a Kommunikatioun am Fall vun esou Virfäll.
Questions
1. Wat ass de genaue Schued un den Exponate vun der betraffener Ausstellung, a ginn et Wierker déi dauerhaft beschiedegt sinn? 2. Wat war déi genau Ursaach vum Ausfall vun der Klimaanlag, a wéi eng technesch oder organisatoresch Mesuren huet d'Regierung zanterhier geholl fir esou Virfäll an Zukunft ze verhënneren? 3. Gëtt et e Noutfallplang am CNA fir den Erhalt vun Exponate am Fall vun technesche Problemer, a gouf dëse Plang am Juli adequat ëmgesat? 4. Ginn et Entschiedegunge fir d'Kënschtler oder d'Proprietäre vun eventuell beschiedegte Wierker, a wéi héich schätzt d'Regierung dës Käschten an? 5. Wéi eng Mesuren huet d'Regierung virgesinn, fir d'Kommunikatioun bei esou Virfäll ze verbesseren, besonnesch wat d'Transparenz géintiwwer der Ëffentlechkeet an de betraffene Kënschtler ugeet?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel