SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
De 23. November 2025 hunn d'Bierger vun Ierpeldeng-Sauer an engem Referendum iwwert eng méiglech Bedeelegung un enger Nordstadfusioun ofgestëmmt. Dëst nodeems de Gemengerot sech Ufank Juli net op eng gemeinsam Positioun konnt eenegen, ob d'Gemeng sech weider un den Diskussiounen iwwert eng Fusioun sollt bedeelegen. Am Kader vun der aktueller Diskussioun iwwert Gemengefusioune stellt sech d'Fro, wéi d'Regierung d'Roll vu lokale Referendumen an dësem Prozess gesäit an ënner wéi enge Konditiounen d'Bierger an d'Decisiounsprozesser agebonne ginn. D'Erfahrung vun Ierpeldeng-Sauer werft och Froen op iwwert d'Prozeduren an d'Begleedung vu Fusiounsprozesser duerch d'Regierung.
Questions
1. Wéi bewäert d'Madamm Ministesch d'Decisioun vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer, e Referendum ofzehalen, nodeems de Gemengerot keng eenheetlech Positioun fonnt huet? 2. Wéi eng Roll gesäit d'Regierung fir Biergerreferendumen am Kader vu Gemengefusiounen a wéi eng Ënnerstëtzung gëtt de Gemengen ugebueden, fir dës demokratesch Prozesser ze organiséieren? 3. Gëtt et e standardiséierte Kader oder Recommandatioune vun der Regierung fir d'Ofhale vu Referendumen zu Gemengefusiounen? 4. Wéi steet d'Regierung zu der Iddi, datt Gemengefusiounen ëmmer duerch e Biergerreferendum sollte bestätegt ginn? 5. Wéi eng finanziell an technesch Ënnerstëtzung bitt d'Regierung de Gemengen un, déi an engem Fusiounsprozess sinn?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel