SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Wéi all Wanter sinn eis Stroossen duerch Schnéi, Äis a Reen beaflosst, wat d'Verkéierssécherheet staark beaflossen kann. D'Gesetz verlaangt vun den Automobilisten eng Rei vu Moossnamen, dorënner d'Benotze vu Wanterpneuen an d'Fräimaache vun de Fënstere virun der Fahrt. Bei Verstéiss kënnen d'Automobilisten mat Geldstrofen beluecht ginn. Trotz der Wichtegkeet vun dëse Virschrëfte schéngt et, datt vill Leit net genau wëssen, wat d'Gesetz virschreift a wéi eng Geldstrofen si riskéieren, wann si sech net dorun halen. Besonnesch elo, wou déi éischt Wanterkonditiounen am Land ukomm sinn, ass et wichteg, d'Automobilisten doriwwer ze informéieren an ze sensibiliséieren, fir d'Verkéierssécherheet ze garantéieren.
Questions
1. Wéi eng spezifesch Geldstrofen ginn et fir Automobilisten, déi am Wanter mat Summerpneuen ënnerwee sinn a wéi eng fir Automobilisten, déi mat engem verästem Pare-Brise fueren? 2. Wéi vill Verstéiss géint dës Virschrëfte goufen an de leschte Joren (2023-2025) vun der Police festgestallt a wéi vill Protokoller goufen ausgestallt? 3. Wéi plangt d'Regierung d'Automobiliste besser iwwer d'Wantervirschrëften ze informéieren, besonnesch wat d'Benotzung vu Wanterpneuen an d'Fräimaache vum Gefier ugeet? 4. Ginn et Pläng, d'Virschrëften an d'Strofen an dësem Beräich ze iwwerschaffen oder ze präziséieren, fir d'Verkéierssécherheet am Wanter ze verbesseren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel