SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Am Dezember 2024 koum et zu engem trageschen Accident bei de Raimlechkeete vun der Wanteraktioun (WAK) zu Findel, wou en Obdachlosen vun engem Auto ugestouss gouf an doduerch ëm d'Liewe koum. Dësen Accident huet déi prekär Verkéierssituatioun ronderëm d'Infrastruktur vun der WAK beliicht, déi vun Obdachlosen a vulnerabele Persounen opgesiicht gëtt. Knapp ee Joer no dësem Virfall schéngt et laut rezente Medieberichter, datt an der Verkéierssécherheet op dëser Plaz nach ëmmer keng wesentlech Verbesserunge gemaach goufen. Dëst ass besuergneserreegend, besonnesch well d'Wanteraktioun geschwënn nees ufänkt an domadder och erëm méi vulnerabel Persounen ënnerwee sinn.
Questions
1. Wéi eng konkret Moossnamen huet d'Regierung zanter dem déidlechen Accident am Dezember 2024 ëmgesat, fir d'Verkéierssécherheet ronderëm d'Wanteraktioun zu Findel ze verbesseren? 2. Gouf eng Sécherheetsanalys vun der Verkéierssituatioun ronderëm d'Infrastruktur vun der Wanteraktioun duerchgefouert? Falls jo, wéi eng Resultater huet dës erginn a wéi eng Recommandatioune goufen doraus ofgeleet? 3. Gëtt et Pläng fir zousätzlech Foussgängeriwwergäng, Verkéiersberouegungsmoossnamen oder eng besser Beliichtung an der Ëmgéigend vun der WAK anzeféieren? 4. Wéi koordinéiert de Ministère fir Mobilitéit seng Efforte mat dem Ministère fir Famill an Integratioun, fir sécherzestellen, datt d'Infrastruktur fir d'Wanteraktioun och aus Verkéierssécherheetssiicht adaptéiert ass? 5. Wéi eng Moossnamen sinn nach virum Start vun der nächster Wanteraktioun geplangt, fir änlech Accidenter an der Zukunft ze verhënneren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel