SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Wéi aus rezente Medieberichter ervir geet, hunn Studenten virun der Chamber géint presuméiert autokratesch Zoustänn hannert de Kulissen an Belästegungsvirwërf un der Universitéit Lëtzebuerg protestéiert. Dëst ass e Sujet, deen ech als Deputéierten mat grousser Besuergnës verfollegen. Eng fréier Mataarbechterin vun der Universitéit huet sech dem Tageblatt matgedeelt an hier Aussoë schéngen de Verdacht ze erhäerten. D'Universitéit selwer schéngt allerdéngs e systematescht Problem ze bestreiden, obwuel déi rezent Protester an Aussoe vun direkt Betraffenen op eng méi déifgräifend Problematik hindeiten.
Questions
1. Wéi eng Mesuren huet de Ministère bis elo ergraff, fir dëse Virwërf nozegoen a wéi eng konkret Schrëtt si geplangt, fir déi presuméiert Mëssstänn un der Universitéit Lëtzebuerg ze ënnersichen? 2. Gëtt et eng onofhängeg Instanz, déi sech mat de Virwërf vu Belästegung un der Universitéit befaasst, a wéi gëtt séchergestallt, datt Studenten a Mataarbechter ouni Angscht viru Repressiounen Mëssstänn melle kënnen? 3. Wéi vill Fäll vu Belästegung oder Mëssbrauch vu Muecht goufen an de leschte fënnef Joer un der Universitéit Lëtzebuerg gemellt, a wéi vill dovun hunn zu Konsequenze gefouert? 4. Wéi gedenkt de Minister ze garantéieren, datt d'Universitéit Lëtzebuerg an Zukunft net nëmmen akademesch Exzellenz ustrieft, mee och en Aarbechts- a Léierëmfeld bitt, dat fräi vun Intimidatioun a Belästegung ass?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel