SocialChamber
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Open main menu
Posts
Template Images
RSS Feeds
Articles
Questions
Edit Question
Title
Minister
Introduction
Den 13. Oktober 2025 gouf e 9 Joer ale Schüler vun engem Auto op engem Zebrasträifen ugestouss. Dësen Tëschefall huet zu enger Reaktioun vu betraffene Bierger a besuergte Schoulkanner hiren Elteren gefouert, déi méi Sécherheetsmoossnamen an der Géigend vun de Schoulen an op de Schoulweeër fuerderen. D'Verkéierssécherheet vu Kanner ass eng Prioritéit, déi net kann ignoréiert ginn. Wärend d'Gemeng schéngt op d'Reklamatioune vun den Awunner ze reagéieren, ass et wichteg ze verstoen, wéi eng Moossnamen op nationalem Niveau geplangt sinn, fir d'Sécherheet vun de Schoulkanner ze garantéieren an änlech Accidenter an Zukunft ze verhënneren.
Questions
1. Wéi eng Moossnamen huet d'Regierung aktuell implementéiert, fir d'Sécherheet vun de Kanner op Schoulweeër ze verbesseren, besonnesch bei Zebrasträifen a ronderëm Schoulen? 2. Existéiert e landeswäiten Aktiounsplang fir d'Verkéierssécherheet ronderëm Schoulen ze verbesseren, an falls jo, wéi eng konkret Moossnamen sinn doranner virgesinn? 3. Wéi vill Accidenter mat Schoulkanner goufen an de leschten 3 Joer op Zebrasträifen an an der Ëmgéigend vu Schoulen zu Lëtzebuerg registréiert, an ass eng Hausse oder eng Baisse ze bemierken? 4. Plangt d'Regierung zousätzlech Sensibiliséierungscampagnen fir Automobilisten iwwer d'Wichtegkeet vun der Reduktioun vun der Vitesse a méi Opmierksamkeet bei Zebrasträifen, besonnesch an der Géigend vu Schoulen? 5. Gëtt et Pläng fir d'Zesummenaarbecht tëschent dem Staat an de Gemengen ze verstäerken, fir d'Infrastruktur ronderëm Schoulen ze verbesseren an d'Verkéierssécherheet fir Kanner ze garantéieren?
Status
Draft
Spellchecked
Approved
Sent
Cancel